Actualité

My Urban Piano - David Ianni

Concert mam David Ianni mëttwochs, den 13. Juni 2018,

um 19.30 Auer am Maacher Lycée

Am Kader vum grenziwwerschreidende Projet "Päiperleksgaart Gréiwemaacher – Schmetterlingshaus in Wien" invitéieren d'Stad Gréiwemaacher, den Institut Saint-Joseph, de Päiperleksgaart Gréiwemaacher an de Maacher Lycée op e besonnesche Concert mam David Ianni ("My Urban Piano"), mëttwochs, den 13. Juni 2018, um 19.30 Auer am Maacher Lycée. D'Kiischt um Kuch ass d'Uropféierung zu Lëtzebuerg vum Stéck "Butterflies". Den Entrée ass fräi.

Foto: Emile Hengen