Événement

Moonlight Cinema 2018

Date de création
-
-
Catégorie
Téléphone

"„Moonlight Cinema“

 

Dobaussen e schéinen Owend verbréngen oder leiwer dee neiste Blockbuster am Kino kucke goen? Elo kënnt Dir béides, well de Kulturhuef presentéiert Iech och dëst Joer erëm op 2 Owenter de „Moonlight Cinema“ - de Kino ënnert fräiem Himmel. Kommt a kuckt mat der ganzer Famill oder de Kollegen ee vun de grousse Summerfilmer. Fir Iessen a Gedrénks suerge souwuel de Kulturcafé mat Gegrills, Cocktailen a Nachos ewéi och de Cinémaacher mat klenge Snacken. Den 13. Juli presentéiert de Kulturhuef de Film „Ocean’s 8“ (2D, DE, Fsk 12) an de 14. Juli leeft de „Jurassic World: Fallen Kingdom“ (2D, DE, Fsk 12). Dir kënnt gären är eege Still matbréngen. Ab 20:00 Auer ass den Huef op an d’Filmer starte géint 22:00 Auer. Tickete fannt Dir op: ticket-regional.lu. Am Fall wou et reent, sinn deenen éischten 80 Ticketen eng Platz am Cinémaacher garantéiert.