Actualité

Klimaconcours

 

 

D’Zil vun dësem Concours ass lëtzebuergesch Clibb a Veräiner, déi sech am Klimaschutz engagéieren, ze motivéieren an ze belounen. D’Veräiner spillen lokal ëmmer méi eng wichteg Roll, well hir eegen Klimaschutzaktiounen hir Gemeng am Klimapakt ënnerstëtzen.

 

De Klimaconcours begréisst dofir all Initiativ vun de Veräiner d’Klima ze schützen. D’Veräiner kënnen hiert Veräinshaus renovéieren, hir Gestioun am Veräinsalldag méi ekologesch gestalten, hir Memberen mobiliséieren oder och ee klimafrëndlecht Evenement oder Fest organiséieren. De Klimaconcours gëtt de Clibb an Associatiounen domat och d’Méiglechkeet sech mat anere Veräiner ze moossen an ee vun 3 Jurypräisser ze gewannen an enger Valeur vun 5.000 €, 3.000 €, respektiv 1.000 €.

 

De Klimaconcours, eng Initiativ vum Emweltdepartement vum Nohaltegkeetsministère, ass rezent de 7. November offiziell lancéiert ginn an ass bis den 30. Mee 2018 fir d’Kandidaturen op.

 

Mir wëllen iech heimat bieden um Klimaconcours deelzehuelen an är Gemeng z’ënnerstëtzen.

 

Weider Informatiounen konnt dir um Internetsite www.klimaconcours.lu fannen, wou dir sämtlech Informatiounen vum Concours kënnt noliesen. An der Rubrik Downloads fann dir ë.a. d’Teilnahmebedingungen an den Umellformulaire .

 

Bei weidere Froen steet Iech den Oekozenter Pafendall per Mail (info@klimaconcours.lu) oder Telefon (43 90 30 44) zur Verfügung.