"Psst." Eng flott App fir Lauschtouren am Miselerland

Wat bedeiten déi wäiss Féiss, déi een zënter e puer Deeg op verschiddene Plazen a Maacher um Buedem gesäit? A firwat huet de Joseph Bech elo op eemol Kopfhörer un? 

Zënter där leschter Woch kann ee sech eng intressant App op säin Handy lueden, an domat en Tour duerch Maacher maachen – et geet bei der Kierch lass, an dann ëmmer der App no. Do, wou Féiss sinn, kritt een eppes erzielt – oder gewisen. A well een den Tour och mat Kopfhörer maache kann, hat de Joseph Bech där och ugedo kritt... 

D'Lauschtour-Appen betreffend Gréiwemaacher, Réimech an Duelem souwéi eng Schëfffaart iwwer eis schéi Musel, an de véier Sprooche lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch, sinn eng ORT-Produktioun, déi aus engem LEADER-Projet entstan ass. D'Joëlle Kayser vu Gréiwemaacher hat sech der Saach ugeholl – mat groussem Succès, wéi ee feststelle kann. Also, eroflueden, an dann "Psst!" Gutt nolauschteren! Fir jo nëmmen näischt ze verpassen!

  

Nein
Nein